Du bass gären a vill ënnerwee? Weess wéi een déi perfekte Momenter kann afänken an een déi dono zu engem Video kann zesumme schneid?Dann gëff och du Deel vum Eldo Social Media Event Team.
Wat sinn deng Missiounen?
- Op Eventer Storye maachen a Videomaterial filmen
- Leit op Eventer uschwätzen a virun der Kamera stoen
- Nom Event een oder méi Videoen fir eis Socials schneiden
Wéi eng Konditioune muss du erfëllen?
- Du muss op mannst 18 Joer hunn
- Du muss een Handy mat enger gudder Kamera besetzen
- Du muss Grondkenntnisser an ee Programm fir d'Videoveraarbechtung hunn
- Du muss mobil sinn
Wisou grad den Eldo?
- Et kritt een e ganz neie Bléckwénkel op d’Events zu Lëtzebuerg
- Du leiers nei Leit kennen déi am Lëtzebuerger Nuetsliewen aktiv sinn
- Heiansdo kritt een och Accès an exklusiv Beräicher déi net fir de Visiteur vum Event zougänglech sinn
- An dat Bescht et erméiglecht een dem Eldoland Erënnerunge vun onvergiessleche Momenter festzehalen
- Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp
Du bass interesséiert?
Ma da fëll dëse Formular aus mat engem CV an enger Beschreiwung wisou, dass genee du de Richtege fir bei eis an d’Team bass.
Vous devez vous connecter pour pouvoir postuler aux offres d’emploi.