Freelance Eldo Fotograf

Eldoradio
Localité L-1543 Luxembourg
Type de poste Job étudiant
Catégorie Communication / Marketing

Retour

Du mëss gäre Fotoen a bass gären a vill ënnerwee? Du gees vun engem Event op dat anert, oder bass éischter op deene verschidde Concerten ënnerwee?Dann gëff och du Deel vum Eldo Foto Team.

An eisem Team ginn et zwee verschidde Beräicher:

  1. Event Foto Team: Hei geet een op déi verschidden Eventer, Partyen a Feieren déi iwwerall sou am Land stattfannen.
  2. Concert Foto Team: Hei geet een op déi verschiddene Concerten am Land. 

Wat ass deng Missioun?

  • Déi beschte Momenter a Bildform festzehalen
  • Op den Eventer ginn People Fotoen, Ambiance a Stëmmungsbiller gemaach
  • Op de Concerte ginn Fotoe vun dem Sänger/der Band gemaach an natierlech och vum Public
  • Wann de Chiko mat ënnerwee: Fotoe vun him mat de Leit maachen

Wisou grad den Eldo?

  • Et kritt een e ganz neie Bléckwénkel op d’Events zu Lëtzebuerg
  • Du leiers nei Leit kennen déi am Lëtzebuerger Nuetsliewen aktiv sinn
  • Heiansdo kritt een och Accès an exklusiv Beräicher déi net fir de Visiteur vum Event zougänglech sinn
  • An dat Bescht et erméiglecht een dem Eldoland Erënnerunge vun onvergiessleche Momenter festzehalen
  • Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp

Du bass interesséiert?

Ma da fëll dëse Formular aus mat denge coolste Schnappschëss déi eis e klengen Abléck an deng Konscht ginn, engem CV an enger Beschreiwung wisou dass genee du de Richtege fir bei eis an Team bass.

Retour

Vous devez vous connecter pour pouvoir postuler aux offres d’emploi.

Se connecter

Zum Seitenanfang springen
Postuler