Eldoradio sicht en neien Audio-Produzent!
Looss dech an d’Welt vun der Pub matrappen a gëff Produzent beim Eldo!
Deng Aufgaben:
- Schreiwen an Ophuele vun Texter fir Reklammen
- Produzéiere vu Publicitéiten an aneren Elementer
- Kontakt mam Client
Viraussetzung:
- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
- Kenntnisser mat DAW’s sou wéi ProTools
- Tountechnesch Ausbildung vu Virdeel
- Kreatiivt, selbststännegt a verantwortungsvollt Schaffen
Dat bidde mir:
- Eng kreativ Aarbecht an däers du dech entfale kanns
- Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Ekipp um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer
- Vollzäit CDI
Du bass interesséiert?
Da fëll dëse Formular aus a schéck eis däin CV mat enger Lettre de Motivatioun.
Vous devez vous connecter pour pouvoir postuler aux offres d’emploi.